Mir sichen
De Kapp vun der Musel- & Sauerzeidung
Gëff Deel vun eisem Trio an der Geschäftsleedung vu presss sàrl.
Du hues :
- Eng Rei Joren Erfarung am Beräich Marketing, Medien a Berodung
- Du kenns dech gutt aus an der Regioun laanscht Musel a Sauer
- Schwätz Lëtzebuergesch an Däitsch, a gären och Franséisch an Englesch
- D’Motivatioun fir eng Institutioun an der Regioun, déi iwwer 40 Geschicht huet, an d’Zukunft ze féieren
- Hues Loscht dech an enger klenger Familljenentreprise mat Aktivitéiten an de Medien, der Kommunikatioun an dem Commerce anzebréngen?
Als Member vun der Geschäftsleedung vu Presss Sàrl wären deng Aufgaben ënnert anerem :
Definitioun vun der inhaltlecher an der kommerzieller Strategie vun der Musel- & Sauerzeidung, esou wuel mëttel- wéi laangfristegGestioun vun enger Ekipp vu Beroder a GrafikerEntwécklung vun neie Geschäftsfelder, print an digitalStrukturéierung vun den internen OfleefUspriechpartner fir all méiglech Kontakter vun der Musel- & SauerzeidungBerodung vun enger Auswiel vu ClientenGestioun vum Daily Business vun der Musel- & SauerzeidungQualitéitskontroll a Schlussredaktioun vun den AusgabenMir bidden :
Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (50 - 100%)E familiär a professionellt Ëmfeld an enger Ekipp vun insgesamt 16 PersounenEng Aarbechtsplaz an enger wonnerschéi moderniséierter Stadvilla am Zentrum vu GréiwemaacherD’Méiglechkeet sech op de verschiddene Geschäftsfelder vun der Firma anzebréngen (Agence f ir Design a Kommunikatioun, Konzeptioun a Realisatioun vun héichwäertege Produiten, Geschäft fir Dekoratioun- a Geschenkartikelen)Eng héich Wäertschätzung a Kollegialitéit, an d’Méiglechkeet eegestänneg a kreativ ze schaffenWanns du dech an dëser Beschreiwung erëm fënns a Loscht hues, dech an eiser Geschäftsleedung anzebréngen, da schreif eis via Moovijob.com.
Presss sàrl ass säit iwwer 40 Joer d’Verlagshaus vun der Muselzeidung an der Sauerzeidung. Nieft dëser Aktivitéit gehéieren och d’Kommunikatiouns- an Designagence creative corner, de Buttek eicatcher an d’Mark coups de coeur zur Firma.