Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) (M / W / NB) - focus

Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) (M / W / NB) - focus

ARCUS asblLuxembourg, Luxembourg
Il y a plus de 30 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Si bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Hues du Loscht, am Beräich vun der sozialpädagogescher Berodung, Begleedung a Weiderbildung ze schaffen? Da mëll dech elo.

Mir siche fir de Service Focus :   Fachbegleeder Petite Enfance (M / W / NB) 30- 40 Stonnen / Woch, CDI

Responsabilitéiten

Konzeptuell Begleedung vu Crèchen an hirer pädagogescher Qualitéitsentwécklung

Pädagogesch Berodung vu Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,

Entwécklung an Ausschaffe vu pädagogesche Konzepter a Projeten,

Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich

Aktiv Reseauen zu pädagogesche Froestellungen entwéckelen a fërderen

Obligatoresch Ufuerderungen

Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives

Du hues relevant Zousatzqualifikatiounen, de Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel

Du hues Erfarung an der pädagogescher Aarbecht mat klenge Kanner

Du kenns dech gutt mat der non-formaler Bildung aus

Du hues Kompetenzen a bass kreativ an der Erwuessenebildung

Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen

bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Mir Bidden

Zäit fir dech an d'Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Fachbegleeder Petite • Luxembourg, Luxembourg