Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Educateur diplômé (M / W / NB) - Crèche Elmen

Educateur diplômé (M / W / NB) - Crèche Elmen

ARCUS asblOlm, Luxembourg
Il y a 9 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir siche fir d'Crèche Elmen :

Educateur diplômé (M / W / NB) – CDI – 30 Stonnen / Woch

D'Crèche Elmen ass am September 2024 am Zentrum vun Elmen, een neit Duerf just ausserhalb vun Olm, opgaangen. Als autofräi Zon, representéiert Elmen eng sécher an entspaant Ëmgéigend fir d'Kanner. Momentan bitt d'Crèche Plaz fir 44 Kanner, déi jeeweils an 3 Gruppen opgedeelt sinn : e Grupp vu Kanner vun 0-2 Joer, a zwee Gruppe vu Kanner vun 0-4 Joer. All Dag begleet eng jonk a dynamesch Erzéierekipp d'Kanner op eng opmierksam a respektvoll Aart a Weis déi d'Wichtegkeet vu Stabilitéit a Vertrauen a Relatioune mat feste Referenzpersounen ervirbréngt. Besonnesch wichteg sinn déi individuell a qualitativ Bezéiungsmomenter wärend dem Versuergen a beim Iessen, esouwéi och beim Spillen a Beweegen. Fir d'Weiderentwécklung vun der Ekipp ze fërderen, huet all Ekippemember d'Méiglechkeet spezialiséiert Formatioune jee no Altersgrupp ze suivéieren.

Responsabilitéiten :

Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer.

Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn.

Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung.

Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren.

Obligatoresch Ufuerderungen :

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier.

Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten.

Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2).

Mir bidden :

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

bei enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire)

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Educateur • Olm, Luxembourg