Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Educateur diplômé (M / W / NB) – Nouveau CST à Lamadelaine

Educateur diplômé (M / W / NB) – Nouveau CST à Lamadelaine

ARCUS asblLuxembourg, Luxembourg
Il y a 20 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

NEI STRUKTUR

Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung?

Dann bass du bei eis genau richteg. Mir siche motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss :   Educateur diplômé (M / W / NB) fir eng 35-38 Stonnen / Woch CDI  an eisem neie Centre socio-thérapeutique zu Lamadelaine.

Am CST begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass et och a, fir et, iwwerfuerdere Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schaffe Bewosstsi fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro : Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.

Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden :

Vermëttele vu formalen a non-formalen Inhalter

D'Kanner op hirem Wee zréck an d'Schoul begleeden

Kooperatioun mat externe Partner a m

at de Familljen

Dokumentatioun vu Prozessverleef

Obligatoresch Ufuerderungen :

Du hues een unerkannten Diplom als éducateur diplômé

Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

Du hues d'Fäegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun

Wënschenswäert Ufuerderungen

Du hues Erfarung am Beräicher vun der Kanner- a Jugendhëllef

Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher Traumapedagogik, Deeskalatioun Erlebnispedagogik, Konschtpedagogik asw. si vu Virdeel

Mir bidden dir :

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Educateur • Luxembourg, Luxembourg