arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir d'Maison Relais Nidderfeelen : Educateur diplômé (m / w / nb) – CDI – 30 Stonnen / Woch
D’Maison Relais Nidderfeelen bitt Plaz fir ronn 180 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer verschidden equipéiert Funktiounsräim (Beweegung, Baumaterial, Rollespill, Atelier, Bibliothéik, Medien, Fuerschung, Ernärung, etc.) souwéi e Bausseberäich mat 3 altersspezifesche Spillplazen, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren.
Responsabilitéiten :
Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Obligatoresch Ufuerderungen :
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)
Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto
Mir bidden :
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Educateur • Niederfeulen, Luxembourg