Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Aide Socio-familiale (M / W / NB) - Familljenhaus Norden

Aide Socio-familiale (M / W / NB) - Familljenhaus Norden

ARCUS asblLuxembourg, Luxembourg
Il y a plus de 30 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

D'Familljenhaus ass ee Service, dat all eis ambulant Déngschter fir Kanner, Jugendlecher a Familljen ënnert engem Dach vereent. Heibäi handelt et sech em eng ganzheetlech Betreiung mat Ënnerstëtzung am Beräich ewéi Berodung, Informatioun, Therapie a sozialpedagogesch Hëllefen. Ënnert den ugebuedenen Déngschtleeschtungen zielt och d' Aide Familiale , déi eng Ënnerstëtzung am Stot leeschten. Hei kanns du gemeinsam mat enger multiprofessioneller Equipe eis Clienten zu den Theme Kachen, Akafen oder Kannerbetreiung ënnerstëtzen.

Responsabilitéiten

Mir siche fir d'Familljenhaus Norden :   Aide socio-familiale - 32-40 Stonnen / Woch CDI

bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Obligatoresch Ufuerderungen

Eng ofgeschlossenen ASF-Formatioun, den Modul “Enfance et familles » ass vun Virdeel"

Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten

Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Dir hutt en Führerschäin Klass B

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Aide • Luxembourg, Luxembourg