Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Educateur diplômé (M / W / NB) - Centre Formida

Educateur diplômé (M / W / NB) - Centre Formida

ARCUS asblEsch-Sur-Alzette, Luxembourg
Il y a 7 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der

Aide à l’enfance

an de

Services d’éducation et d’accueil

täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen! Weider Infoe fënns du ënner

formida.lu

Fir eise Centre Formida siche mir een :   Educateur diplômé (M / W / NB) - 30-35 Stonnen d'Woch, CDI

Responsabilitéiten

Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 a 24 Joer an engem CISP (centre d'insertion socio-professionnelle)

Zesumme mat de Partnerlycéeën, eng kreativ Approche entwéckelen an ëmsetze fir deene Jonken hire schouleschen a soziale Parcours ze stabiliséieren

Ofstëmmung vu formalen an non-formale Bildungselementer a verschiddenen Atelieren am Sënn vun “Projektlernen” a “Skillstraining”

Begleedung vun deene Jonken a hirer (Ré)integratiounsphase an d’Schoul oder an d’Beruffswelt

Obligatoresch Ufuerderungen

Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als éductaeur(trice) diplômé(e)

Zousazausbildungen an de Beräicher Erliefnespedagogik, Konschtpedagogik oder anere kreative Beräicher si vu Virdeel

Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Educateur • Esch-Sur-Alzette, Luxembourg