Als eng vun de féierenden Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter. Mir sinn ëmmer erëm op der Sich no motivéierten Mataarbechter.
Mir sichen fir d'Schoulrentrée 2025-2026 Schoulbusbegleeder (m / w / d) fir an verschidden Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vun Kanech mam Schoulbus matzefueren.
D‘Plaz
Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat
Dir suergt fir en stressfräien a sécheren Schoulwee mam Bus
Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus
Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bleiwt
Äre Profil
Dir sidd pünktlech, verantwortunsgbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen
Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch
Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhalen vun de Kanner fréihzäiteg z’erkennen an entspriechend rouheg ze handelen
Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.
Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.
Eis Offer
Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass
E Contract CDD fir 20 Stonnen d’Woch
Eng Plaz, déi direkt disponibel ass
Aarbechtsplaz : Kanech
Cdd • Canach, Luxembourg