arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Bass du en / eng engagéiert
- en Psycholog
- in, deen / déi Leit an erausfuerderende Liewenssituatioune professionell ënnerstëtze wëllt? De Berodungsdéngscht sicht eng qualifizéiert Persoun, déi mat senger Fachkompetenz Persounen a Familljen op hirer Rees zu méi Wuelbefannen a Stabilitéit begleet. De Berodungsdéngscht ass een vu ville Servicen déi am Kader vum Familljenhaus stattfannen. D'Familljenhaus ass eng zentral Ulafstell, déi verschidden ambulant Servicer fir Kanner, Jugendlecher a Famillen ënner engem Dach vereent a koordinéiert. Heizou zielen zum Beispill Berodungen, Therapien oder sozialpädagogesch Ënnerstëtzungen.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d’Service Berodungsdéngscht : Psycholog (m / w / d) - 20-30 Stonnen / Woch CDI
bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Master an engem psychologeschen-pädagogeschen-soziale BeräichDir hutt eng therapeutesch Ausbildung vun minimum 300 Stonnen oder sidd “en cours de formation”Dir hutt minimum 2 Joer BeruffserfahrungDir sidd flexibel an den AarbechtszäitenDir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu VirdeelDir hutt e Führerschäin Klass B an ën Auto zur VerfügungMir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär AarbechtsëmfeldHues du Loscht op eng villsäiteg Aarbecht ? Da mëll dech elo.