Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Educateur diplômé / Agent sociopédagogique (DAP) (M / W / NB) - Maison Relais Dikrech

Educateur diplômé / Agent sociopédagogique (DAP) (M / W / NB) - Maison Relais Dikrech

ARCUS asblDiekirch, Luxembourg
Il y a 5 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir sichen en engagéierte pädagogesche Mataarbechter (M / W / NB), de Loscht huet, Kanner an hirem Alldag ze begleeden. Eis häerzlech a villfälteg Ekipp gestalten een ofwiesslungsräicht non-formalt Bildungsangebot fir Kanner, a verschidde Funktiounsberäicher nom Konzept "Welt-Atelier".

Responsabilitéiten

Mir siche fir d' Maison Relais Dikrech : Educateur diplômé / Agent sociopédagogique (DAP) (M / W / NB) - 30 Stonnen / Woch CDI

Responsabilitéiten :

Du empfänks a begleeds d’Kanner

Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren

Obligatoresch Ufuerderungen

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B2)

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Mir freeën eis iwwer all perséinlech Kompetenz an Interessi, déis Du mat an d’Ekipp erabréngt !

bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Educateur Educateur Maison • Diekirch, Luxembourg