Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
NEW Aide socio-éducatif mat administrativen Tâchen (M / W / NB) - Maison Relais Rouspert–Mompech

NEW Aide socio-éducatif mat administrativen Tâchen (M / W / NB) - Maison Relais Rouspert–Mompech

ARCUS asblRosport-Mompach, Luxembourg
Il y a 9 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir siche fir Maison Relais Rouspert-Mompech :

Aide socio-éducatif (M / W / NB) - 30 Stonnen / Woch CDI

Du wëlls Kanner op hirer Entwécklungsrees begleeden a hues en Talent am Organisatoreschen an Administrativen? Dann bass du bei eis genau richteg. D’Zil ass et, d’Kanner ze ënnerstëtzen an hinnen e séchert, stäerkend an inspiréierend Ëmfeld zebidden. D'Maison Relais huet verschidde Raimlechkeeten, dass Kanner sech fräi a kreativ entfale kënnen. Mir leeë grousse Wäert op eng individuell Fërderung vun all Kand. Ausserdeem hues du Chance fir dech staark an déi verschidden administrativen Aarbechten matanzebannen a kanns esou hannert Kulisse vun der Organisatioun vun enger Maison Relais kucken. Du gëss Deel vun engem dynameschen a kreativen Team. Falls du elo Loscht krus, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung!

Responsabilitéiten

Administrativ Aktivitéiten (≈70 %) :

Organisatioun a Koordinatioun vum Alldag (Planning, Kommunikatioun, ...)

Ënnerstëtzung bei administrativen Aufgaben

Kommunikatioun mat den Eltere (E-Mailen, Telefonsgespréicher, Bréiwer, ...)

Donnéeën aktualiséieren (Presenzlëschten, Vakanzunmeldungen,...)

Pädagogesch Aktivitéiten (≈30 %) :

Begleedung vun de Kanner am Alldag (Mëttegiessen, Fräizäitaktivitéiten)

Mataarbecht bei der Ëmsetzung vum pädagogesche Konzept

Obligatoresch Ufuerderungen

Zouverlässeg an exakt

Organisatorescht Talent

Oppen an teamfäeg

Flexibel an den Aarbechtszäiten

Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Aide • Rosport-Mompach, Luxembourg