Bass Du politesch interesséiert a wëlls gestalte? Da bass Du bei eis richteg : D’CSV-Fraktioun sicht eng kreativ, engagéiert Persoun, déi zousätzlech Energie, Iddien a Passioun an eis digital Kommunikatioun bréngt.
Mir wëllen opfalen, begeeschteren an nei Weeër goen – an dofir brauche mir däin Talent!
________________________________________
💡 Deng Missioun
- Du kreéiers frëschen, modernen a qualitativ héichwäertege Content fir eis sozial Medien
- Du bass mat dobäi, wann et ëm Strategie, Storytelling an d’Entwécklung vu Kampagnen geet.
- Du hues Aen fir Grafik & Design a Gefill fir Video & Foto– vum kreative Konzept bis zur Produktioun.
- Du bass Deel vum Kommunikatiounsteam a bréngs deng eege Iddien mat eran
________________________________________
🎯 Wat mir sichen
Eng Persoun mat Kreativitéit, Humor an engem gesonde Gespier fir Trends.Erfarung am Grafik- an / oder Video-DesignInteressi u Politik & gesellschaftlech Sujeten – a wéi een dat modern a verständlech erzielt.Selbststänneg, motivéiert, an ëmmer e Schratt viraus.________________________________________
🚀 Wat mir ubidden
Eng Aarbechtsplaz, wou deng Iddie wierklech Gehéier fannen.Vill Fräiheet fir kreativ Entfaltung.Motivéierend Ëmfeld an engem engagéierten Team.