D'Agence Principale KASEL & DA COSTA sicht en / eng zousätzlechen Mataarbechter / in fir den Posten vum Commercial (M / F). Är Missiounen : Dir stitt am direkte Kontakt mat der privater a professioneller Clientèle vun der Agence. Dir suergt dofir, dass Är Clientsrelatioune gefleegt an ausgebaut ginn. Dir schafft aktiv drun, fir nei Clienten z‘acqueréieren. Dir assuréiert den administrative Suivi vun de Clientsdossieren. Äre Profil : Staarke Geschäftsgeescht. Initiativ, Dynamik an Autonomie. Dir beherrscht Lëtzebuergesch, Franséisch, Dätisch an Englesch - all aner Sprooch ass vu Virdeel. Den Agreement als Assurancen-Agent ass eng noutwenneg Viraussetzung fir d‘Ausübung vun äre zukünfteg Missiounen. Et ass also vun groussem Virdeel wann dir den Agreement schonn hutt. Dir hutt en Bac+3 oder BTS. En Echange bidden Mir Iech : D‘Méiglechkeet fir an enger stabiller Agence ze schaffen, déi zu engem renomméierte Grupp gehéiert an eng staark Mark am Secteur vun den Assurancen zu Lëtzebuerg ass. Exzellent Weiderbildungsméiglechkeeten an Entwécklungsperspektiven. Eng Remuneratioun, déi Äre Kapazitéiten an Äre Resultater entsprécht. En agréablen Aarbeschtskader an enger sympathesch an dynamesch Equipp . Et besteet d‘Mé...
TLNT1_LU
Commercial • Grevenmacher (LU), Luxembourg