Talent.com
This job offer is not available in your country.
Commercial (m / f)

Commercial (m / f)

Foyer Agence Schumacher & SchmitzRemerschen - Réimech, Luxembourg
16 days ago
Job description

D'Agence Schumacher & Schmitz zu Remerschen an d‘Agence Welter & Schmitz zu Réimech sichen e Commercial (m / f)

Är Missiounen :

  • Dir stitt am direkte Kontakt mat der privater a professioneller Clientèle vun der Agence,
  • Dir suergt dofir, datt är Relatioune mam Client gefleegt an aus- gebaut ginn,
  • Dir schafft aktiv drun, fir nei Clienten ze gewannen,
  • Dir assuréiert den administrative Suivi vun de Clientsdossieren.

Eis Offer :

  • d‘Méiglechkeet fir an enger traditiounsräicher Agence ze schaffen, déi zu engem renomméierte Grupp gehéiert an eng staark Mark am Secteur vun den Assurancen zu Lëtzebuerg ass,
  • en dynameschen a professionellen Environnement,
  • exzellent Méiglechkeete fir sech weiderzebilden,
  • interessant Entwécklungsperspektiven,
  • d‘Avantage vum Assurancen-Kollektivvertrag
  • ee Contrat à durée indéterminée
  • eng Remuneratioun, déi äre Kapazitéiten an äre Resultater ent- sprécht.
  • Äre Profil :

  • Dir hutt een Bac,Bac+3 oder eng äquivalent Berufserfahrung
  • Dir hutt e staarke Geschäftsgeescht,
  • Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
  • Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch a Franséisch, all aner Sprooch ass vu Virdeel.
  • Wann Dir Iech an dësem Profil erëmerkennt, schéckt eis w.e.g. Äre CV mat engem Motivatiounsbréif mat der Referenz : Commercial un d‘Adress via Jobs.lu

    APCT1_LU

    Create a job alert for this search

    Commercial • Remerschen - Réimech, Luxembourg