Talent.com
This job offer is not available in your country.
Educateur diplômé - Maison Relais Nidderaanwen (M / W / NB)

Educateur diplômé - Maison Relais Nidderaanwen (M / W / NB)

arcus asblOberanven, Oberanven, LU
30+ days ago
Job description

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir sichen fir d'Maison Relais Nidderaanwen :   Educateur diplômé (M / W / NB) - 25-30 Stonnen / Woch, CDI

An der Maison Relais Nidderaanwen schaffs du an engem liewegen an dynamesche Kader, an deem d’Wuel vum Kand am Mëttelpunkt steet. Hei erwaart dech eng ofwiesslungsräich Aarbecht an engem modernen Haus mat engagéierten Aarbechtskolleegen a vill Plaz fir innovativ Iddien. Du begleets Kanner op hirem Wee – vum Empfänke moies bis hin zu flotten Aktivitéiten am Nomëtteg, oder an der Schoulvakanz. An enger Equipe wou Zesummenhalt wichteg ass, kanns du wichteg pedagogesch Erfarunge sammelen an aktiv matgestalten.

Responsabilitéiten

Du empfänks a begleets d’Kanner

Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren

Obligatoresch Ufuerderungen

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Create a job alert for this search

Educateur • Oberanven, Oberanven, LU