Mir siche fir d'Crèche Rammerech : Educateur diplômé (M / W / NB) am CDI mat 25-30 Stonnen / Woch
D’Crèche Rammerech bitt Plaz fir 47 Kanner a verfüügt iwwer 3 gutt equipéiert Raim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fërderen d’Beweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn – fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.
Deng Aufgaben :
Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil :
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B2)
Du hues en Permis B
Wat dech erwaart :
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)
Educateur • Koetschette (Rambrouch), Koetschette (Rambrouch), LU