arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der
Aide à l’enfance
an de
Services d’éducation et d’accueil
täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D’Maison Relais zu Buerschent bitt e moderne Kader an eng inspiréierend Aarbechtsplaz. Fir all Altersgrupp ginn et funktionell a spilleresch Raimlechkeeten fir bis zu 200 Kanner – vun Ateliere bis bei d’pedagogesch Kichen. An engem rouege naturnoem Duerf, ass Buerschent ideal fir Fachleit, déi mat Häerz a Leidenschaft mat Kanner schaffen.
Mir siche fir d'Maison Relais Buerschent : Educateur diplômé (M / W / NB) : 30 Stonnen / Woch - CDD vun engem Joer (Remplacement fir e Congé maternité & parental)
Obligatoresch Ufuerderungen
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Educateur Educateur • Bourscheid, LU