Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Educateur diplômé (M / W / NB) - Kannerhaus Jonglënster

Educateur diplômé (M / W / NB) - Kannerhaus Jonglënster

ARCUS asblJonglënster, LU
Il y a plus de 30 jours
Description de poste

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der  Aide à l’enfance  an de  Services d’éducation et d’accueil  täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

D'Kannerhaus Jonglënster besteet aus dräi Liewensgruppen (1 Jugendgrupp, 2 Kannergruppen) mat insgesamt 26 Better. An engem integrativen Ëmfeld fuerdere mir d'Entwécklung vun de Kanner a Jugendlechen, schaffen enk mat de Elteren zesummen a bidden eng individuell Ënnerstëtzung.

Mir siche fir d'Kannerhaus Jonglënster en Educateur diplômé (M / W / NB) : 32-40 Stonnen / Woch CDI

Obligatoresch Ufuerderungen

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

Du hues minimum 3 Joer Beruffserfahrung

Du bass interesséiert mat Jugendlechen ze schaffen an si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen

Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet an den Schichten an de Weekend ze schaffen

Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Mir bidden

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Educateur • Jonglënster, LU