Talent.com
Cette offre d'emploi n'est pas disponible dans votre pays.
Marketing- a Kommunikatiounsmanager (M / W)

Marketing- a Kommunikatiounsmanager (M / W)

La ProvençaleLeudelange, Leudelange, LU
Il y a plus de 30 jours
Description de poste

LA PROVENCALE, Leader am Grousshandel am Groussherzogtum vu Lëtzebuerg, sicht dech !

En talentéierten a motivéierten Marketing- a Kommunikatiounsmanager fir eist dynamescht Team waat aus Grafiker an Drécker besteet ze verstäerken.

Du hues Erfarung an der Gestioun vu Marketing- a Kommunikatiounsprojete, eng déifgräifend Versteesdemech vu lëtzebuergesch Maarttrends an d'Fäegkeet effektiv Strategien auszeschaffen an ëmzesetzen?

Dann mell dech bei ons!

  • Responsabilitéiten :
  • Entwécklung a Realiséierung vu Marketing- a Kommunikatiounspläng, déi mat den Ziler vun der Firma ausgeriicht sinn.
  • Gestioun vun Annoncekampagnen a Promotiounen iwwer verschidde Kanäl.
  • Iwwerwaachung vun der Erschafung vu Marketing- a Kommunikatiounsinhalter.
  • Analyse vun de Leeschtungen vun de Kampagnen a Virschléi fir Verbesserungen.
  • Koordinatioun mat intern Departementer a baussenzege Partneren.
  • Organisatioun vun Eventer a Public Relations Aktivitéiten.
  • Equipeféierung vun 8 Léit
  • Gesichte Profil :
  • Universitéitsdiplom a Marketing, Kommunikatioun oder engem vergläichbaren Beräich.
  • Eng éicht Erfarung an enger ähnlecher Positioun.
  • Exzellent kommunikativ Fäegkeeten op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. Englesch an wéider Sproochen sinn e Virdeel.
  • Fäegkeet fir autonom a mat engem Team ze schaffen.
  • Kreativitéit, Organisatiounstalent an Opmierksamkeet fir Detailer.
  • Kompetenzen an digitale Marketinginstrumenter a soziale Medien.
  • Mir Bidden :
  • Ee stimuléierenden an innovativen Aarbechtsëmfeld.
  • Ee Vertrag deen Iech eng laangfristeg Stabilitéit sécherstellt
  • D'Méiglechkeet, Karriär an enger lëtzebuergescher Firma ze maachen
Créer une alerte emploi pour cette recherche

Marketing • Leudelange, Leudelange, LU