Talent.com
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir Meederchers-Wunngrupp Maison Cales an der Staat - CDI 75 % -SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Luxembourg, MERSCH, LU
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir Meederchers-Wunngrupp Maison Cales an der Staat - CDI 75 % -

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir Meederchers-Wunngrupp Maison Cales an der Staat - CDI 75 % -

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG • Luxembourg, MERSCH, LU
Il y a 20 jours
Description de poste

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d'Zukunft vu Jugendlechen leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.

Fir eis Wunngrupp Maison CALES, déi weiblech Jugendlecher tëscht 12 an 18 Joer, an engem Wunnquartier an der Staat Lëtzebuerg begleet, baue mir eng nei Equipe op.

Dës Funktioun bitt Iech d'Méiglechkeet, Är fachlech a perséinlech Kompetenzen aktive anzebréngen, Verantwortung ze iwwerhuelen an zesumme mat engem motivéierten Team d'Jugendlech op hirem Wee ze méi Autonomie an enger positiver Entwécklung ze begleeden.

Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch reegelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen.

Är Aufgaben

  • Matwierken un der Opnam, Evaluatioun a Begleedung vu Kanner a Jugendlechen.

  • Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren.

  • De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren.

  • Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren.

  • Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen.

  • Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen.

  • Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren.

  • Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen.

  • Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken.

  • An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren.

  • Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren.


Wat eis ënnerscheet

Mir investéieren an Är Entwécklung

  • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...)

  • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen

  • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse

  • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung


Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung

  • Strukturéiert Qualitéitsmanagement

  • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung

  • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung


E professionellen a strukturéierte Kader

  • Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team

  • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen

  • Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun

  • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung


Eng Missioun mat Wierkung

  • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen

  • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen

  • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen


Äre Profil

Diplomer a fachlech Kompetenzen

  • Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom).

  • Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg.

  • Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie.

  • Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l’Enfance et à la Famille, Jugendschutz).

  • Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.).

  • Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l’Enfance et à la Famille.


Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil

  • Wertschätzend a professionell Haltung.

  • Gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen.

  • Staark sozial, interkulturell an inklusiv Kompetenzen.

  • Fäegkeet zur Zesummenaarbecht am Team an mat de Partner.

  • Diskretioun a Verantwortungsbewosstsinn.

  • Gutt Organisatiounsfäegkeet a Prioritéitemanagement.

  • Rouegen an professionelle Ëmgang a Krisesituatiounen.

  • Flexibilitéit an Adaptatiounsfäegkeet.

  • Léisungsorientéiert an zouverlässeg Aarbechtsweis.


Zousätzlech Ufuerderungen

  • Führerschäin B

  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Franséischen an Däitschen; all weider Sprooch ass e Virdeel


Konditiounen

  • CDI

  • Beschäftegungsgrad: 75 %

  • Remuneratioun laut CCT-SAS C5*

  • Attraktiv extralegal Virdeeler


Dir wëllt Iech an enger Organisatioun weiderentwéckelen, déi geziilt an d'Qualitéit vun hire Praktiken an an d'Entwécklung vun hire Mataarbechter investéiert?

Da freeë mir eis op Är Kandidatur!


Luet w.e.g. follgend Dokumenter iwwer eise Formulaire erop:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'exercer


Am Fall vun engem Recrutement, gitt Dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 an n°5 gefrot.

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir Meederchers-Wunngrupp Maison Cales an der Staat - CDI 75 % - Carrière C5* • Luxembourg, MERSCH, LU

Offres similaires

Cadre Infirmier (m/f/d) - Service national des Activités de Proximité (Propper Doheem)

Stëftung Hëllef DoheemSTEINSEL, STEINSEL, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer le.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Service national des Activités de Proximité (Propper Doheem).Cadre Infirmier (m/f/d) | 40h, CDI.Le se... Voir plus

Educateur gradué oder Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Meederchers-Wunngrupp Maison Cales zu

Fondation Lëtzebuerger KannerduerfLuxembourg, Luxembourg, LU

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, V... Voir plus

Infirmier psychiatrique (m/f/d) - ZithaUnit

ZithaSeniorConsdorf-Ettelbruck-Centre Sud, Consdorf-Ettelbruck-Centre Sud, LU

ZithaUnitRéseau - soins psychiatriques à domicile.CDI, CCT SAS, temps plein ou partiel.Expérience en milieu psychiatrique.Diplôme homologué et autorisation d’exercer au Luxembourg. Voir plus

Infirmier (m/f/d) - Service National des Activités Spécialisées

Stëftung Hëllef DoheemSTEINSEL, STEINSEL, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer le.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Service National des Activités Spécialisées.Assurer une prise en charge globale de la personne en pha... Voir plus

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5*

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERGLuxembourg, MERSCH, LU

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Juge... Voir plus

Infirmier (m/f/d) - Centre d'Aide et de Soins de Steinsel

Stëftung Hëllef DoheemSTEINSEL, STEINSEL, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Centre d'Aide et de Soins de Steinsel.Assurer une prise en charge globale du client dans le cadre de sa ... Voir plus

Infirmier pédiatrique spécialisé en soins palliatifs (m/f/d) - Service National des Activités

Stëftung Hëllef DoheemSTEINSEL, STEINSEL, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer le.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Service National des Activités Spécialisées.Infirmier pédiatrique spécialisé en soins palliatifs (m/f... Voir plus

Infirmier (m/f/x)

Fondation Autisme LuxembourgCapellen, Capellen, LU

Munshausen (avec flexibilité pour se rendre sur notre site de Rambrouch).La gestion des formalités de l’Assurance Dépendance.La préparation et l’administration de médicaments en collaboration avec ... Voir plus

Infirmier Préleveur Pédiatrique - service Picken Doheem (H/F)

BionextLeudelange, Leudelange, LU

Votre expérience solide lors de la prise en charge des enfants, en particulier lors des prélèvements sera un atout essentiel.Vous exercerez vos fonctions au sein d’une équipe dynamique et motivée, ... Voir plus

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5*

Fondation Lëtzebuerger KannerduerfMERSCH, MERSCH, LU

D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Juge... Voir plus

Infirmier (m/f/d) - Centre d'Aide et de Soins de Rédange

Stëftung Hëllef DoheemRédange, Rédange, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Centre d'Aide et de Soins de Rédange.Assurer une prise en charge globale du client dans le cadre de sa v... Voir plus

Infirmier (m/f/d) - Centre d'Aide et de Soins de Mamer

Stëftung Hëllef DoheemMamer, Mamer, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Centre d'Aide et de Soins de Mamer.Assurer une prise en charge globale du client dans le cadre de sa vie... Voir plus

Infirmier Préleveur à domicile - service PICKEN DOHEEM - Région Nord (H/F)

BionextEttelbruck, Pommerloch, Diekirch, Ettelbruck, Larochette,..., LU

Vous exercerez vos fonctions au sein d’une équipe dynamique et motivée, bénéficiant du soutien de solutions digitales avancées uniques au Luxembourg ; et ce pour simplifier votre quotidien.Effectue... Voir plus

Infirmier (m/f/d) - Centre d'Aide et de Soins de Niederkorn

Stëftung Hëllef DoheemNiederkorn, Niederkorn, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Centre d'Aide et de Soins de Niederkorn.Assurer une prise en charge globale du client dans le cadre de s... Voir plus

Plusieurs infirmiers diplômés (m/f)

SERVIORLuxembourg, Luxembourg, LU

Luxembourg / SERVIOR Op der Rhum.Plusieurs postes temps plein ou temps partiel, CDI.Prestations de soins et d’actes médico-délégués auprès du client.Appui aux actes essentiels de la vie (hygiène, m... Voir plus

un Infirmier (m/f/d) pour notre Service Qualité Soins

Stëftung Hëllef DoheemLuxembourg, Luxembourg, LU

Rejoindre la Stëftung Hellëf Doheem, c’est intégrer le.Réseaux d’Aide et de Soins au Luxembourg.Animé(e) par l’excellence des soins et la rigueur professionnelle, vous aspirez à mettre vos compéten... Voir plus

Infirmier psychiatrique (m/f/d) - ZithaUnit

ZithaConsdorf-Ettelbruck-Centre Sud, Consdorf-Ettelbruck-Centre Sud, LU

ZithaUnitRéseau - soins psychiatriques à domicile.CDI, CCT SAS, temps plein ou partiel.Expérience en milieu psychiatrique.Diplôme homologué et autorisation d’exercer au Luxembourg. Voir plus

Un(e) Infirmier/-ère ou Infirmier/ ère en Pédiatrie (M/F)Service d’Aides & Soins à domicile Petite

Päiperléck S.à r.l.Niederkorn, Niederkorn, LU

Depuis 2009, Päiperléck est une entreprise familiale dédiée aux aides et soins à domicile pour toutes les générations ainsi qu’aux résidences seniors.Notre mission est de placer le bien-être et les... Voir plus

Infirmier Préleveur en centre - Région Nord (H/F)

BionextPommerloch, Diekirch, Ettelbruck, Larochette, Pommerloch, Wiltz, Wincrange, ..., LU

Nord du Luxembourg (Diekirch, Ettelbruck, Larochette,.Vous exercerez vos fonctions au sein d’une équipe dynamique et motivée, bénéficiant du soutien de solutions digitales avancées uniques au Luxem... Voir plus

Infirmier diplômé (m/f/ng) - CDI - 40h/semaine

Groupe TricentenaireHelmsange, Luxembourg, LU

Vous intégrez les équipes pluridisciplinaires, situées à Walferdange, à Heisdorf et à Prettingen et participez à l’accompagnement global des usagers en privilégiant la qualité des soins prestés.Vou... Voir plus