Talent.com
NEW Educateur diplômé (M / W / NB) - CST Moveo

NEW Educateur diplômé (M / W / NB) - CST Moveo

ARCUS asblGrevenmacher, LU
Il y a 2 jours
Description de poste

Mir siche fir den Centre de jour socio-thérapeutique Moveo  :

Educateur diplômé (M / W / NB)

am CDI mat 35 Stonnen / Woch

Am Centre de jour socio-thérapeutique Moveo begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner, am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laaf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhalen vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen, an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir bauen d'Bezéiung op an ënnerstëtzen d’Kand, esou datt et an iwwerfuedernde Momenter op seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schafen Bewosstsinn fir eis eege Prozesser an Empfannen mat der Fro :

Wat mécht dat Verhale vum Kand mat mir?

Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.

Deng Aufgaben :

D'Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser Dagesstruktur zu Gréiwemaacher am Alldaag begleeden :

Vermëttelen vu formalen und non-formalen Inhalter

D'Kanner op hirem Wee zréck an d'Schoul begleeden

Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen

Dokumentatioun vu Prozessverleef

Däi Profil :

Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Diplom als éducateur diplômé

Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

Du hues d'Fäegkeet an d'Bereetschaft zu Selbstreflektioun a Selbstregulatioun

Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

Atouten : Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef, an / oder Zousatzqualifikatiounen an de Beräicher : Traumapedagogik, Deeskalatioun,

Erliefnespedagogik, Konschtpedagogik

Wat dech erwaart :

Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Créer une alerte emploi pour cette recherche

Educateur • Grevenmacher, LU