Mir siche fir d'
Kannerhaus zu Furen een Educateur gradué als Assistant pédagogique (M / W / NB)
am
CDI
mat
20 Stonnen / Woch
De Centre Movida bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.
Deng Aufgaben :
Plange vun de Moossnamverleef vun de Jonken
Reegelméissegt Evaluatiounsgespréicher mat de Jugendlechen
Elterenaarbecht
Kooperatiounen mat tangéierenden Hëllef s ystemer (ONE, Geriicht, Psychiatrie, ...)
Reegelméisseg Erstellungen vu Bilane fir den ONE oder Geriicht
Däi Profil :
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Kenntnisser am systeemesche Schaffen
Bereetschaft, deeskaléierend an traumasensibel ze schaffen
Fäegkeet, aussokräftege Berichter zu verfaassen
Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen
Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen
Wat dech erwaart :
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der
Aide à l’enfance et à la famille
an de
Services d’éducation et d’accueil
täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Educateur • Fouhren, LU